Initatiouns-Camp (3.08.08 - 9.8.08)
Fir ween ?
Bass de nach Ufänger an wells MTB fueren ? Bas du tëscht 12 an 16 Joer? Dann as dëse Camp fir dech. Mir weisen der wéi daat geet. Technik, Touren, an Veloflecken. Fir jiddereen ass eppes dobai an et get no jidderengem eenzel gekuckt.
Wat gët gemaach?
Natierlech gët gebikt a bréngen ierch nëtzlech Technike bei. Awer niewebei gin Tonnen Animatiounen gemaach, wéi zum Beispill Nuetspiller, flott Bastelen, an nach villes méi. Mais kee Joer as wéi dat anert...also loss dech iwerraschen. Mir iessen Owes am Chalet, setzen dono beim Lagerfeier an schlofen an Zelter.
Wéini? Umellen? Wéivill?
Wéini
Vum 3. August bis 9. August 2008
Wou
Am Mariendall
Umelldung
Soubaal een sech beim SNJ umelle kann schreiwe mer et heihin. Nach e besse Gedold...
Opgepasst: et sin maximal 12 Platzen frei fir dësen Camp, also schnell umellen.
Wéivill
De Camp kascht 190€. Falls de e Mountainbike bei eis léins, kënnt dat nach dobai.
Kee Mountainbike? Kee Problem
Hues du keen Mountainbike? Dat as guer kee Problem, du kanns ee bei eis léinen. Wat dat genee kascht, kënnt nach heihinner stoen soubaal mer dat wëssen.
Wat brauch ech vu Matérial?
Onbedengt!!!
- Mountainbike (falls de een hues, soss kans de ee bei eis léinen)
- Casque (obligatoresch!!!)
- Bidon + Halter (oder Camelback)
- Gudd Laun
Waat brauch een nach?
- Veloskleeder (wanns de der hues)
- Velos-Hännschen a -Schong (wanns de der hues)
- K-Way
- Normal Kleeder fir eng Woch
- Kleeder géint de Reen (Reejakett, uerdentlech Box)
- Fest Schong (zum Beispill Biergschong)
- Turnschlappen
- Schlappe fir am Haus (fir bei d'Duschen ze goen)
- Kaap
- Schloofsaak
- Klenge Rucksaak
- Wäschgeschiir
- Dicher
- Maillot oder Schwammbox (kee Short !!!)
- Schwammkaap
- Täscheluucht
- Jumboskaart
He fenns du déi ganz Materialslëscht nach eng Kéier als PDF fir eroofzelueden. Falls de net secher bas wats de der vu Matérial solls kaafen, zéck net fir eis ze schreiwen. Mir berooden dech ganz gär. Jo sou si mer, einfach ganz fein.
Wee sin meng Animateuren?
D'Animateuren sin all grondverschidden, an awer si mer eng super Equipe. Déi eng fuere Mountainbike, déi aaner sin zoustänneg fir d'Animatiounen an d'Iessen.
Kuck och op der nexter Seit, wou mir eis all présentéieren.
