Iwert d'MTB-Szene zu Lëtzebuerg

Et gët eng Mountainbikes-Szene zu Lëtzebuerg. Mais et as net emmer sou einfach gut driwer informéiert ze sin. Aus deem Grond hu mer eis geduecht dass mir och eng Säit maachen déi sech nëmmen dorems dréint. Mir sin awer net alleng déi sou denken (kuck just hei ennert deser Këscht.

Ween as nach alles do ausser mir?

Et gi secher eng ganz Mass vu Veloscluben. Déi wëlle mer awer lo hei net opzielen. Hei wëlle mer just e puer Internet-Site exposéieren déi sech extra Méi gemaach hun fir d'MTB-Communautéit zu Lëtzebuerg um neizte Stand ze haalen. Bestëmmt hu mir der nach vergiess, soot eis Bescheed wann mer een iwersin hun.

The Pacemaker Team

The Pacemaker Team LogoEng ganz sympathesch Equipe, dat Pacemaker Team. Flott un hierem Site (op Franséisch) as virun allem dass sie Strecke proposéieren déi een proper kann erausprinten. Amplatz eng einfach Kaart, weisen Sie eng Suite vu Photoen déi op deenen entscheedende Platzen de richtege Wee ugin. D'Weer sin nach extra beschriwen: wéivill Prozent Besch, Strooss, Velospiste an de Schwieregkeetsgrad. Super as och d'Meteo-Säit, déi een emmer nach am läschte Moment kann kucke goen ier een op d'Piste geet.

Link: http://www.luxclick.com

Soulbikers

Soulbikers LogoD'Soulbikers vu Stroossen proposéieren e schéine Site (op Englesch). Sie organiséiere regelméissesch grouss Randonnéen. Luewenswärt as virun allem hieren ganz aktive Forum. Schreiwt ierch och an fir hier Newsletter (déi geet u méi wie 200 Leit). Super sin och hier verschidde Workshops. Desweideren as eng Rubrik "Tested Parts" do wou een Kritike vun all méigleche Stécker fennt. Also onbedéngt laanscht kucke goen.

Link: http://www.soulbikers.lu

Funriders

FunridersDëse Site (op Letzeboiesch) riicht sech un all d'Freeriders. Hiere Site as virun allem interaktiv. Zum Beispill hun sie e Kontakt-formulaire fir bei hinne Member ze gin. Och Sie hun eng Linksammlung, eng Photosgallerie an e Forum. Ganz witzeg as dass sie och eng Chatbox hun, an, nee, mir hun net bei hinne geluust;).

Link: http://www.funriders.lu

Freeride.lu

Och dëse Site (op Däitsch), wéi de Numm et schon undeit, adresséiert sech un d'Communautéit vun de Freeriders. Flott as virun allem hieren Agenda an hier Linksammlung. Och eng Photossammlung as op hierem Site.

Link: http://www.dh-freeride.lu

Aischdall-Bike

Aischdall-BikeDëse Club huet en extrem gudden Ruff, an as vun Habscht wou sie och Randonnéen organiséieren. Hieren Kalenner mat de Randonnéen as emmer um neitste Stand. Onbedéngt laanscht goen fir ze wësse wat leeft...

Link: http://www.aischdall-bike.lu

Tool Time Préizerdaul

Tool Time PréizerdaulAs zwar e Velosveräin, a wéi uewe präziséiert wollte mer déi jo hei net présentéieren. Mais hiere Site as awer derwärt gesin ze hun. Tool Time hu säit dem 5 Oktober 2005 e neie Layout kritt, also 5 Deeg virun eisem neie Layout. Sie organiséieren regelméissesch Randonnéen, och emol Mtb. Also gitt eng Kéier laanscht a schreiwt hinnen eps an d'Guestbook.

Link: http://www.tooltime.lu/

Bike.lu

Bike.lu LogoDëse Site (op Franséisch) as amfong ganz intressant, well een do Strecke kann kucken an all méigleche Versiounen: Kaart déi ee kann zoomen, 3D Vue, asw. Schued as allerdéngs dass bis elo just eng Streck do. De Site schéngt net méi aktiv ze sin. Mais d'Idi as gut.

Link: http://www.bike.lu

 


  • ...