Perfektouns-Camp (3.08.08 - 9.8.08)
Fir ween?
Fir jiddereen, tëscht 13 an 17 Joer déi net méi Ufänger sin an déi Loscht op MTB fueren hun, an an der Vakanz mat enger ganzer Band MTB-Freaken durch d’letzebuerger Bescher welle fetzen, do hu mir deen richtegen Camp.
Wat gët gemaach?
Nirwt dem Mountainbike gin et bei eis och vill aaner flott Aktivitéiten , mee déi verroden mir net ! Ah jo an d’Zelter get geschloof an et geet bestemmt och mat Tescheluuchten an der Nuecht duerch de Besch. Zum MTB : Technik a Fleckatelieren gin fir déi Leit di interesséiert sin ugebueden. D’Strecken esou wéi d’Streckenlängt gett dir natirlech ugepasst, mir deelen an Grupen an, an all Participant fennt sein Animateur.
Wéini? Umellen? Wéivill?
Wéini
Vum 3. August bis 9. August 2008
Wou
Am Mariendall.
Umelldung
Soubaal een sech beim SNJ umelle kann schreiwe mer et heihin. Nach e besse Gedold...
Maximum: 32 Participanten
Wéivill
190€.
Wéi fit muss ech sin?
Eigentlech as daat egal. Et muss een wierklech keen Lance Armstrong sin! Mir deelen ierch a Gruppen an a passen d'Strecken op d'Leit un, sou kennt jidfereen op seng Käschten. Falls du awer éischter en Ufänger bas, dann bas vlait éischter e Kandidat fir eise neien Initiatiouns-Camp.
Wat brauch ech vu Matérial?
Onbedengt!!!
- Mountainbike
- Casque (obligatoresch!!!)
- Bidon + Halter (oder Camelback)
- Gudd Laun
Waat brauch een nach?
- Veloskleeder (wanns de der hues)
- Velos-Hännschen a -Schong (wanns de der hues)
- K-Way
- Normal Kleeder fir eng Woch
- Kleeder géint de Reen (Reejakett, uerdentlech Box)
- Fest Schong (zum Beispill Biergschong)
- Turnschlappen
- Schlappe fir am Haus (fir bei d'Duschen ze goen)
- Kaap
- Schloofsaak
- Klenge Rucksaak
- Wäschgeschiir
- Dicher
- Maillot oder Schwammbox (kee Short !!!)
- Schwammkaap
- Täscheluucht
- Jumboskaart
He fenns du déi ganz Materialslëscht nach eng Kéier als PDF fir eroofzelueden. Falls de net secher bas wats de der vu Matérial solls kaafen, zéck net fir eis ze schreiwen. Mir berooden dech ganz gär. Jo sou si mer, einfach ganz fein.
Wat get alles gemaach?
Natierlech gët gebikt. Awer niewebei gin Tonnen Animatiounen gemaach, wéi zum Beispill Nuetspiller, flott Bastelen, an nach villes méi. Mais kee Joer as wéi dat anert...also loss dech iwerraschen.
Wee sin meng Animateuren?
D'Animateuren sin all grondverschidden, an awer si mer eng super Equipe. Déi eng fuere Mountainbike, déi aaner sin zoustänneg fir d'Animatiounen an d'Iessen.
Kuck och op der nexter Seit, wou mir eis all présentéieren.
